Lëtzebuergesch
Wat fir Klassen gehéieren zu der Beruffsausbildung:
- CCP (CC1.., CC2.., CC3..)
- DAP (DC1 / DP1; DC2 / DP2; DC3 / DP3)
- DT (4TP; 3TP; 2TC / 2TP; 1TP / 1TC)
Firwat heeschen d’Klassen esou?
am CCP / DAP
- éischte Bustaw – C oder D fir CCP oder DAP
- zweete Bustaw – C oder P fir concomitant (beim Patron) oder plein-temps (ganz an der Schoul)
- Ziffer – fir d’Joer (1. Joer, 2. Joer, 3. Joer)
- 2 Bustawen fir d’Ausbildung (ET – Elektroniker, SE – Schlässer, …)
- F fir eng franséischsproocheg Ausbildung
- eng Ziffer wann et e puer där selwechter Klasse ginn: DP1ET2
als Beispill
DC2SE (DAP, Concomitant, 2. Joer, SE fir Schlässer, germanophone well keen F drann ass)
DP3ECF (DAP, plein-temps, 3. Joer, EC fir Kommunikatiounselektroniker, francophone).
CC1PL (CCP, concomintant, 1. Joer, PL fir Parqueteur, germanophone).
am DT (Techniker)
- Ziffer – fir d’Joer (vu 4e bis 1ère)
- T fir Techniker
- C oder P fir concomitant oder plein-temps
- F fir eng francophone Ausbildung
- eng Ziffer wann et e puer där selwechter Klasse ginn
Beispiller:
2TCMI – 2e Techniker, concomitant, MI fir Mechatronik
3TPSTF2 – 3e Techniker, plein-temps, ST fir smart technologies, francophone, 2. Klass
Wéi ass d’Beruffsausbildung opgebaut?
An der Beruffsausbildung gëtt et Semesteren. An all Semester gëtt et ofgeschlosse Modulen.
Wat fir Zorten Modulen gëtt et?
Et gëtt obligatoresch a fakultativ Modulen. Déi fakultativ Modulen ziele net fir d’Promotioun (se mussen net gepackt ginn).
Déi obligatoresch Modulen sinn ënnerdeelt an déi wou een onbedingt packe muss (fondamental) an déi wou een ënnert Konditiounen kompenséiere kann (complémentaire).
Um www.lgk.lu steet bei all Ausbildung wéivill Modulen ee packe muss bzw. net packe muss fir weider ze kommen.
Hei ass z.B. ee Link op d’Säit vum Mechatroniker wou een ënnen déi Dokumenter fënnt.
Net gepackte Modulen mussen normalerweis nogeholl (rattrapéiert) ginn (cf. méi ënnen)
Wat ass eng Kompetenz?
Ee Module besteet aus verschiddene Kompetenzen, déi jeweils op 6, 12, 18 oder 24 Punkte bewäert ginn bis zu engem Total vu 60 Punkten (z.b. 24 + 12 + 12 +12 – also 4 Kompetenzen)
Wann een am Total vun de Kompetenzen 30 Punkten oder méi huet ass de Module gepackt.
Wat ass e Bilan?
De Bilan stellt den Ofschloss no engem Deel vun der Ausbildung duer.
De bilan intermédiaire muss nom éischten Deel gepackt sinn an de bilan final um Schluss.
Am CCP / DAP ass de bilan intermédiaire nom 1. Joer, am DT (Techniker) ass et nom 2. Joer (um Schluss vun der 3e).
De bilan final muss um Schluss vum 3. Joer CCP / DAP gepackt sinn respektiv um Schluss vun der 1ère beim DT.
Huet de Schüler de bilan intermédaire gepackt da kann hien dat Joer drop nees bei Null ufänken, dat heescht e muss keng Modulen méi nohuelen déi hie net gepackt huet.
Huet de Schüler de bilan final gepackt, dann duerf en de PIF (projet intégré final), eng Zort Ofschlossexamen, maachen.
Wéi packen ech de Bilan?
Fir de Bilan ze packen gëtt et e puer Konditiounen, déi een all erfëlle muss:
- et muss all Module fondamental gepackt sinn
- et duef ee keen obligatoresche Module hunn mat enger Note ënner 20 (Note < 20)
- d’Unzuel vu net gepackte Modulen duerf eng bestëmmten Unzuel net iwwerschreiden
Déi 3. Konditioun ass méi komplizéiert an hänkt vun der Formation of. Dofir brauch een déi Fichen (cf. Mechatroniker) déi virdrunn ugeschwat goufen.
Wann e Schüler eng vun dëse Konditiounen net erfëllt, da packt en säi Bilan net.
Wann e Schüler de Bilan net packt, kann hie meeschtens säi Joer widderhuelen. De Conseil de classe muss dat awer gutt heeschen.
Beispill vum Informatikstechniker:
De bilan intermédiaire betrëfft d’Moduler vu 4e an 3e, am ganzen 40 obligatoresch Moduler. Dovunner sinn der 16 aus dem allgemengen Unterrecht a 24 si beruffsspezifesch.
Et muss ee ronn 90% vun alle Moduler (36 / 40) a ronn (!) 90% vun de beruffsspezifesche Moduler (21 / 24) gepackt hunn.
De Module fondamental aus dem 1. an 3. Semester muss gepackt sinn a kee vun de 40 Moduler eng Note < 20 hunn.
Wat ass eng Progresssioun?
An deene Joeren, wou kee Bilan ass (am CCP / DAP dat 2. Joer, am DT op 4e an 2e) kënnt de Schüler ënnert ähnleche Konditiounen weider wéi fir de Bilan. Et ass awer manner streng.
- Hien duerf ee Module fondamental vum leschte Semester nach net gepackt hunn
- D’Konditioun vun der Note ënner 20 (Note < 20) spillt (nach) net
- D’Unzuel vun de Moduler déi net musse gepackt sinn ass d’selwecht wéi fir de Bilan
Wann e Schüler eng vun dëse Konditiounen net erfëllt, da kënnt en net weider (hie progresséiert net).
Wann e Schüler net weiderkënnt, kann hie meeschtens säi Joer widderhuelen. De Conseil de classe muss dat awer gutt heeschen.
Beispill vum Informatikstechniker:
Op 4e sinn 20 Moduler, dovunner der 8 aus dem allgemengen Unterrecht an 12 déi beruffsspezifesch sinn.
De Schüler muss der 16/20 bzw. 9/12 packen fir op 3e ze kommen, nieft dem Module fondamental am 1. an am 3. Semester.
D’Rattrapagen
Ee net gepackte Module muss an engem Rattrapage nogeholl ginn.
Esou ee Rattrapage ass entweder partiel oder complet.
De Rattrapage partiel gëtt normalerweis nieft deene normale Coursen organiséiert a behandelt just déi Kompetenzen déi ee Schüler an deem Module net gepackt huet. D’Note aus dem Rattrapage ass op 30 / 60 gedeckelt (méi kann een net kréien).
Et kann ee richtege Cours sinn oder eng Remédiatioun, wou de Schüler nees ka Froe stellen an duerno eng nei Evaluatioun maache muss, siew et am Laf vum Semester oder am September als Noexamen.
De Rattrapage complet betrëfft déi Schüler, déi hiert Joer widderhuelen a ganz normal an de Cours ginn. Beim Rattrapage complet ginn all d’Kompetenzen behandelt an de Schüler kann do all Note kréien.
De « Redoublement »
An der Beruffsausbildung gëtt dësen Ausdrock normalerweis net gebraucht. Et schwätzt een am éischte Joer vun enger Neiaschreiwung (réinscription), déi aner Joeren vun engem verlängerte Joer (année rallongée).
An dësem Fall muss de Schüler déi Moduler, déi hie net gepackt huet, als Rattrapage complet maachen. Déi Moduler déi hie scho gepackt huet, soll hie verbesseren. Hie kann awer hei seng al Note net verschlechteren.
Wéini kréien ech mäin Diplom?
Ee Schüler aus dem Concomitant huet Urecht op säin Diplom wann hien de PIF gepackt huet.
Ee Schüler vun enger plein-temps Klass muss nieft dem PIF nach 12 Woche Stage maachen (a packen) fir den Diplom ze kréien.
CCP an DAP Schüler kréien hieren Diplom vun enger Beruffskummer (Chambre des Métiers, Chambre de Commerce). Techniker kréien hieren Diplom an der Schoul.