Rechercher

COVID-19: Kommunikatioun un d’Schoulcommunautéit

Informatiounen zum Ophiewe vun de schouleschen Aktivitéiten am LGK

Léif Elteren, léif Schüler a léift Personal vum LGK,

D’Ophiewe vun de schouleschen Aktivitéiten ass bis den 3. Mee verlängert ginn.

D’Informatiounen zum Zoumaache vum LGK ginn op dëser Internetsäit reegelméisseg op de leschte Stand gesat. Dofir rode mer iech dës Säit reegelméisseg ze kucke fir ëmmer um leschte Stand vun den Informatiounen ze sinn.

Där kommt nëmmen op Rendez-vous an d’Gebai eran. Denkt dofir drun iech per Telefon am LGK ze mellen an am Viraus e Rendez-vous mat engem Member vum Personal auszemaachen éiert dier iech op de Wee maacht.

Den LGK huet eng telefonesch Hëllef ugeluecht déi iech vu méindes bis freides vu moies 8 bis mëttes 4 op är Froen äntwere kann.

  • Där kënnt de 559545-207 uruffe fir Froen op lëtzebuergesch, franséisch oder op portugisesch ze stellen.
  • Där kënnt de 559545273 uruffe fir Froen op lëtzebuergesch, däitsch oder franséisch ze stellen.

Fir eng Iwwerlaaschtung vun den Telefonslinnen ze verhënnere biede mer iech eisen Internetsite ze consultéieren éiert där urufft. Där kënnt eis och per Email erreeschen. Benotzt dofir d’Kontakt-Formulären.

D’Personal vum LGK mécht säi Bescht fir iech sou séier wéi méiglech op är Froen ze äntweren.

N.B. Froe ginn net individuell mä en Bloc traitéiert.

Informatiounen zu „Schoul doheem“ (enseignement à distance)

Léif Eltere, léif Schüler,

Mär wëssen nach net wéi laang d’Coursen ausfalen. Fir de Moment wësse mär, dass bis zur Ouschtervakanz keng Course wäerte sinn.

Et ass wichteg, dass d’Schüler doheem weiderschaffe

  • fir dass et bei hinnen net zu Retard an hirem Léierprozess kënnt a
  • fir dass si matkomme wann d’Coursen nees weiderginn.

Dofir wëlle mer nach eemol betounen, dass d’Ophiewe vun de Coursen net als Vakanz ze betruechten ass.

Eist Léierpersonal huet seech der aussergewéinlecher Situatioun ugepasst an huet hier Course sou ëmgeplangt, dass se dem „Doheem Léiere“ gerecht ginn. Mär stellen awer fest, dass et schwiereg ass mat verschiddene Schüler a Kontakt ze kommen well déi net anhale wat ofgemaach ginn ass an dowéinst net un hir Aufgabe kommen.

Hei eng Rei Richtlinne
fir dass d’Schoul doheem gutt funktionéiert

Léif Schüler,
  • kontrolléiert w.e.g. op d’mannst 2 Mol pro Dag (moies a mëttes)
    • ären Office365 (dozou gehéiert och Teams) an/oder eduMoodle.
    • äre WebUntis.
    • är @school.lu Email-Adress, déi där am Office365 fannt.
  • zéckt net fir äert Léierpersonal via Office365 ze kontaktéiere wann där Froen hutt.
  • maacht all Dag är Aufgaben, waart net bis de leschte Moment fir se ze maachen.
  • verschidden Enseignante wäerten iech fest Auerzäite proposéiere fir eng Videokonferenz. Dës Auerzäite musst där anhalen.

Oppassen: äert Léierpersonal schreift all Oubli am Klassebuch an!

Léif Elteren,
  • wann der kënnt, dann hëlleft äre Kanner bei den Aufgaben.
  • wann där hinnen net bei den Aufgaben hëllefe kënnt, da frot se all Dag iech ze weise wat si deen Dag geschafft hunn.
  • Aufgaben an Oublië gi vum Léierpersonal am WebUntis ageschriwwen. Kuckt iech déi w.e.g. un, sou gesitt där wat äert Kand ze schaffen huet a wat et net gemaach huet.
  • fir iech a fir eis ass dëst eng nei Situatioun. Mär sinn do fir iech ze ënnerstëtzen a fir iech op är Froen ze äntweren.

Zéckt net de Lycée oder ärem Kand säi Léierpersonal ze kontaktéiere wann där Froen hutt.

OK, mä ech hunn nach Froen…

Hei eng Rei Froen déi där iech stelle kéint

Wéi funktionéiert den „Doheem léieren“ am LGK?

Äert Kand mellt sech am Office365 mat sengem IAM-Code a sengem Passwuert un. Verschidde vun den ieweschte Klasse schaffe mam eduMoodle.

Mäi Kand ka sech net méi u säi Login oder säi Passwuert erënneren. Wat maachen?

Wann där eng Email-Adress hutt déi funktionéiert, da rufft am Schülersekretariat (+352) 559545-205 un . Ee Mataarbechter wäert en neit Passwuert erstellen a schéckt iech dat per Email. Sollt dat net méiglech si kritt där et per Post geschéckt.

Ech hunn kee Computer, keng Tablett (iPad), keen Internetzougang! Wéi ka mäi Kand vu „Schoul doheem“ profitéieren?

Wann där kee Computer oder keen Internetzougang hutt, da mellt äech per Telefon am Lycée a mer fannen zesumme mat iech eng Léisung fir dass äert Kand vu „Schoul doheem“ profitéiere kann.

Ech hunn Internetzougang, mä kee Computer. Mat sengem Handy ka mäi Kand seng Aufgaben net maachen. Wéi ka mäin Kand trotzdeem vu „Schoul doheem“ profitéieren?

Wéi bei der Fro virdru, zéckt net fir iech am Lycée ze mellen a mer fannen zesummen eng Léisung fir dass och äert Kand vu „Schoul doheem“ profitéiere kann.

Allgemeng Informatiounen

D’Ophiewe vun de Coursen ass net als Schoulvakanz ze betruechten.

Vu dass di schoulesch Aktivitéiten bis den 3. Mee verlängert goufen si folgend Dispositiounen geholl ginn:

  • D’2. an 3. Trimester ginn zesumme geluecht.
  • D’1. Trimester gëtt zum 1. Semester.
  • D’Mindest-Zuel vu Prüfungen get net wesentlech eropgesat (1 zousätzlech Prüfung par rapport zu der Zuel vu Prüfungen pro Trimester).
  • Während d’SChoul just vun doheem aus funktionéiert gëtt just formativ bewäert.
  • Wann d’Courë bis nees uginn kënnt eng Phas wou d’Matière, déi vun doheem aus behandelt ginn ass gefestegt gëtt ier Prüfungen doriwwer gemaach ginn
  • D’Fächer vum Volet « Sproochen a Mathematik » a vum Volet « Spezialisatioun » (op den ieweschte Klassen) hu Prioritéit wat d’Prüfungen betrëfft.
  • Di aner Fächer ginn op der Basis vu Projeten an Dossieren bewäert, déi d’Schüler sollen autonom erstellen.
  • Di nidderegst Nott vum 2. Semester gëtt ewech gelooss.
  • D’Jores-Nott ass den Duerchschnëtt vum 1. a vum 2. Semester.
1ère-Klassen am ESC an am ESG
  • Den Ofschloss-Examen fënnt wéi geplangt statt.
  • De Programm, deen ze léieren ass, ass deen, deen bis den 13. Mäerz an der Klass behandelt gouf. D’Questionnairen sinn ugepasst ginn fir deem Rechnung ze droen.
  • Di geännert Modalitéiten a Programmer kënnt dir iech um Site www.eschoolbooks.lu ukucken.
  • Fir d’Nott vum Joer hunn d’SChüler de Choix tëschent méi Méiglechkeeten (nëmmen d’1. Semester, d’Moyenne vum 1. a vum 2. Semester, mat oder ouni zousätzlech Prüfung).

Ofschloss-Klassen vun der Beruffs-Ausbildung

  • De Projet intéfré final (PIF) vun deenen verschiddenen Formatiounen fënnt wéi geplangt statt.
  • D’Matière vum PIF geet nëmmen bis de Schluss vum 1. Semester nach matt.
Schüler déi am Stage, an der Beruffsausbildung oder an der Léier sinn
  • D’Stagen op den ënneschte Klassen (7e – 5e) sinn ofgesot.
  • All d’Stagen an der Beruffsausbildung sinn ofgesot.
  • D’Léiermeedecher a -bouwen gi bis op Weideres net méi bei hire Patron.
Owescoursen
  • All d’Owescourse goufen ofgesot.
Ausflich
  • D’Classe de neige (Ski) an all aner Visitt oder Ausflug vum 2. Semester goufen ofgesot. Am Moment sammele mer Informatiounen zum Remboursement vun de Käschten. Mär mellen eis bei den Eltere soubal mer méi genee Informatiounen hunn.
Communication classes terminales (PDF)

Télécharger
Dossier de presse du 2 avril (PDF)

Télécharger
Service de la Formation Professionnelle - Communication 3 (PDF)

Télécharger
Service de la Formation Professionnelle - Communication 2 (PDF)

Télécharger
Communication-officielle-parents (PDF)

Télécharger
Communication-officielle-cours du soir (PDF)

Télécharger
Coronavirus COVID-19: Informatiounen a Richtlinnen (PDF)

Télécharger
Arbres décisionnels COVID-19

Télécharger